Wëllkomm op eiser Website
Wëllkomm op der Websäit vun der Grondschoul Fréiseng. Hei kënnt Dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten. Vill Spaass beim Entdecken.
Aktuell News | Archiv |

Ile au clowns
2024-07-15D'Zirkuswoch huet eis als Schoul erméiglecht d'Somme vu 4235€ un d'Asbl Ile aux clowns ze spenden. Mir soen e groussen MERCI dem Zirkus Zapp Zarapp, dem Léierpersonal, den Elteren an de Kanner fir des flott Zesummenaarbecht.

Fréisenger Schoulfest 5. Juli
2024-06-27SAVE THE DATE!
De Fréisenger Schoulfest fënnt de 5. Juli statt ab 16 Auer am Haff, mir soen elo schonn e grousse merci der APEF fir d'Organisatioun an un all deene Leit déi wäerten hëllefen fir eis dat Fest ze erméiglechen.
Classe Verte C4.2
2024-06-17Ufanks Juni waren déi dräi Klasse vum Cycle 4.2 an Classe Verte zu Beefort. Véier Deeg laang hunn si u verschiddene Aktivitéiten deelgeholl, wéi zum Beispill Bouschéissen, Klettere oder Geocaching.

Coupe scolaire C4.2
2024-06-17





Musée des Mines
2024-06-13De Cycle 4.2 hat e flotten Dag am Musée des Mines zu Rëmeleng. Hei konnte Kanner sech a Roll vun de Minnenaarbechter versetzen. Sie konnte bueren, ware bei enger simuléierter Sprengung derbäi a haten Méiglechkeet déi gesprengte Steen mam Hummer ze zerklengeren. Um Enn vun der interaktiver Féierung goufe Kanner nach mat engem klenge Cadeau iwwerrascht..