Navigatioun

Zirkus Zappzarap

2024-04-26

D'Fréisenger Schoul huet déi Woch vum 22. Abrëll 2024 den Zirkus Zappzarap an der Schoul begréisst.



Et war eng flott Projetswoch wou d'Kanner an d'Léierpersonal geübt an geléiert hunn verschidden Zirkusoptrëtter anzestudéieren. Et sinn 12 verschidden Atelieren ugebuede ginn dorënner Fakir, Akrobatik, zauberen an nach villes mei. D'Eltere waren häerzlech welcome fir zum Schluss vun der Woch den Optrëtt vun hiren Kanner kucken ze kommen. An engems hunn d'Elteren och mat hirer Präsenz dozou bäigedroen dass d'Suen déi gesammelt gi sinn un der Associatioun Ile aux Clowns gespent gi sinn