Navigatioun

Sportsdag 20. an 22.06.2022

2022-07-04

Kanner aus dem C1-C4 hunn u flotten Aktivitéiten deelgeholl an derbäi och vill nei Spiller an Sportaarte entdeckt an opgegraff.
Insgesamt goufen de Kanner 6 Atelieren ugebueden, op deenen allkéiers en anert Thema vertrueden war, wéi ënner anerem den Dodgeball oder den Street Racket.
Den Atelier vum Street Racket gouf fir Kanner aus dem C3-C4 vun engem Responsabelen gehalen, deen si an des flott an usprochsvoll Sportaart agefouert huet. Fir Kanner aus dem C1-C2 gouf den Street Racket ugepasst, sou dass si och deelhuelen konnten.
Fir all Zykel war eppes derbäi an d'Kanner haten en flotten Mueren.

En groussen Merci geet un déi Fräiwëlleg, déi sech Zäit geholl hunn fir un den Atelieren auszehëllefen, an awer och un d'Kanner fir hiren mega Asaz.