Wëllkomm op eiser Website
Wëllkomm op der Websäit vun der Grondschoul Fréiseng. Hei kënnt Dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten. Vill Spaass beim Entdecken.
Aktuell News | Archiv |
Formatioun B-YOU
2023-09-28D'Schoulmeeschteren an d'Jofferen si mol wuertwiertlech a eng kaalt Bidde gespronge.
Viirliesung Marc Weydert
2023-05-10Den 10. resp. 15 Mee hun d‘Kanner vum 2-4 un enger Virliesung vum Marc Weydert deelgeholl.
Konscht vum C4.2
2022-08-29Invitatioun op d'Ausstellung.
Kommt eis besichen
Einladung_Umwege_III_DE.pdf(901 KB)
Invitation_Umwege_III_FR.pdf(791 KB)
Sportsdag 20. an 22.06.2022
2022-07-04Kanner aus dem C1-C4 hunn u flotten Aktivitéiten deelgeholl an derbäi och vill nei Spiller an Sportaarte entdeckt an opgegraff.
Insgesamt goufen de Kanner 6 Atelieren ugebueden, op deenen allkéiers en anert Thema vertrueden war, wéi ënner anerem den Dodgeball oder den Street Racket.
Den Atelier vum Street Racket gouf fir Kanner aus dem C3-C4 vun engem Responsabelen gehalen, deen si an des flott an usprochsvoll Sportaart agefouert huet. Fir Kanner aus dem C1-C2 gouf den Street Racket ugepasst, sou dass si och deelhuelen konnten.
Fir all Zykel war eppes derbäi an d'Kanner haten en flotten Mueren.
En groussen Merci geet un déi Fräiwëlleg, déi sech Zäit geholl hunn fir un den Atelieren auszehëllefen, an awer och un d'Kanner fir hiren mega Asaz.